Challenge Weber Aloyse

Als Virbereedung op déi nei Saison huet den DT Biissen wéi schonns déi Joeren virdru séin internen Tournoi de "Challenge Weber Aloyse" ausgedroen. Hei gëtt no der Formel Doubel Ko Handicap gespillt. Dëst Joer konnt de Weber Luss sech schonns fir déi 2. Kéier als Gewënner androen an dat virum Sinner Alex dee mat enger super Leeschtung an Final agezu war. Op Platzen 3 a 4 koumen de Gengler Yann an de Hansen Yanis. Dëse Wanderpokal muss insgesamt 3 mol gewonne gi fir en definitiv ze behalen.